Toyota an Elektro-Autoen, dat war nach net esou déi richteg Léift – éischter huet de japaneschen Auto-Gigant u senger Hybrid-Technik festgehal. Mam bZ4X gouf dunn awer een Ufank gemaach an Toyota baut lues awer sécher seng Elektro-Gamm aus. Neiste Worf ass den C-HR+, dee sech vum Brudder mam krypteschen Numm net nëmmen technesch mee och optesch ofhieft. De Paul Origer war fir eis op der Presentatioun zu Faro a Portugal mat dobäi.
Eppes schonn emol direkt: vum C-HR huet de “plus” just den Numm, soss hunn déi zwee Modeller guer näischt matenee gemeinsam. Dat geet scho mat der komplett anerer Plattform un.

Den Design
Loosse mer soen, am aktuelle Stil vun Toyota, an, villäicht och zum Gléck, ganz anescht an optesch méi gelonge wéi de bZ4X. E bësse Fastback, e bëssen SUV-Coupé, mat 4,5 Meter ronn 15 cm méi laang wéi den C-HR ouni plus an awer nach kompakt. Vir e bësse méi ronn, hannen zimmlech kanteg. A mengen Aen och relativ vill Elementer vu Lexus – esou léisst sech de Look resuméieren.

Den Interieur
Duerch een niddereg gehalenen Tableau de Bord a vill Fënsterflächen ass den C-HR+ ganz agreabel a lëfteg bannendran. An och hannen, wou ee sech dacks un der Coupé-Silhouette am Sënn vum Wuert stéisst, bleift am neien E-Toyota nach genuch Loft iwwert der Permanente a Plaz fir d’Knéien.

Stoff ass och nees in, jee no Versioun méi oder manner chic un de Sëtzer, beim Tableau a bei de Verkleedunge kënnt Konschtlieder oder e bësse méi héichwäertege Plastik an den Asaz. Sëtzen deet e jiddefalls gutt, d’Plaz geet och an d’Rei. Genee esou wéineg kann een iwwer 460 Liter Mall meckeren.

Op der Strooss
Toyota huet iergendwéi nach ëmmer Bensinn am Blutt, och bei sengen Elektromodeller. Well och ouni Verbrenner steet d’Freed um Fuere ganz vir op der Prioritéitelëscht. An am C-HR+ hu se dat fäerdegbruecht. E fiert knackeg, fiedert net ze straff, läit an de Kéiere genee richteg a gëtt gutt Réckmeldung. Ganz staark u Peugeot erënnert dat klengt an handlecht Steierrad, allerdéngs plot den C-HR dee selwechte Problem: d’Steier ass déif an den Display fir de Chauffer héich placéiert – jee no Gabarit gëtt do en Deel vun der Rénkel verstoppt.

Bei de Motoren ass de grousse Choix ugesot: et gëtt 167, 224 an esouguer 343 PS ugebueden. Am sympatheschsten war d’gëlle Mëtt mat Frontundriff, uerdentleche Fuerleeschtungen an, dank 77 kW-Stonnen Akku maximal 607 km Autonomie. Iwweregens fir Toyota ee Rekord.

Wat den C-HR+ och gutt kann, ass gemittlech reesen. Extrem wéineg Fuergeräischer, eng agreabel Fiederung, eng net ze vill komplizéiert Bedéngung an esouguer den Testverbrauch verdéngt mat 17 kW-Stonnen eng Bonne note. Beim Luede bleift Toyota éischter bescheiden; 150 kW si maximal am DC méiglech, vun 10 op 80 % dauert et manner wéi 30 Minutten.
Am Resumé
ID.3 an Elroq, ditt iech waarm un! Wann een eng e bësse méi emotional Alternativ sicht, da kéint dee beim C-HR+ säi Gléck fannen. Well wéi seet Toyota selwer: “E BEV fir Leit, déi Autoe wierklech gären hunn”. De Präis kéint déi Harmonie och nach erhalen, tëscht 41.100 an 52.080 Euro sinn ugekënnegt.

INTERNET: Toyota C-HR+