PoliceAccident no Course-poursuite a vill Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
Eng Course-poursuite hat d'Police en Donneschdeg kuerz an Otem gehalen. Donieft hat een et och mat direkt e puer alkoholiséierte Chaufferen ze dinn.
© RTL Archiv

En Donneschdeg de Moien um 10.45 Auer gouf der Police en Auto gemellt, deen op der A31 a Frankräich ënnerwee war, an an deem méiglecherweis eng Pistoul ze gesi war. De Won soll tëschenduerch och op der A3 a Richtung Stad Lëtzebuerg gefuer sinn.

Eng Policepatrull huet den Auto mat 3 Leit op der Héicht vun der Raststätt "Aire de Berchem" an Direktioun Lëtzebuerg gesinn. De Chauffer huet trotz staarkem Verkéier Vollgas ginn an huet mat riskante Manövere probéiert, ze entkommen. D'Police hat de Won op der Héicht, wou d'A1 op d'A6 iwwergeet, zäitweis aus den Ae verluer, en dunn awer um Zéissenger Kräiz op der A3 an Direktioun Frankräich erëm am Bléck. De Chauffer ass weider mat héijer Vitesse gefuer an huet kuerz no der Opfaart Léiweng d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer, ass an en aneren Auto geknuppt, deen doropshin an d'kalifornesch Mauer gerannt ass. Och den éischte Won ass op déi selwecht Manéier un d'Hale komm.

Déi 3 Leit am Auto, déi net blesséiert waren, goufen immobiliséiert. Am Won gouf eng Loftdrockpistoul séchergestallt. Eng Enquête huet erginn, dass d'Gefier, dat a Frankräich immatrikuléiert ass, lëtzebuergesch Nummereschëlder hat, déi an der viregter Nuecht a Frankräich geklaut gi waren. Moies war den Auto schonn op enger Tankstell zu Diddeleng wéinst Klaue vu Bensinn opgefall. Donieft hat de Chauffer och nach keng Fuererlabnes. Op Uerder vum Parquet gouf de Won beschlagnaamt an de Mann protokolléiert.

De Chauffer aus deem aneren Auto gouf liicht verwonnt an an d'Klinick bruecht.

E puer Fürerschäiner goufen ofgeholl

Vum Donneschdegowend respektiv Freideg an der Nuecht bleiwen dann nach e puer aner Asätz vun der Police nozedroen. Géint 23.30 Auer gouf op der A4 op der Héicht Féiz e Chauffer wéinst opfällegem Fuerstil ugehalen. Hien hat ze vill gedronk an huet de Fürerschäin mussen ofginn. Kuerz no 23.00 Auer war en aneren alkoholiséierte Chauffer zu Rammeldang ënnerwee. Och hei war de Permis dono fort. Ëm déi selwecht Zäit huet en Automobilist an der Stad Lëtzebuerg eng Policepatrull um Boulevard Charles Marx mat héijer Vitesse iwwerholl. Och hei hunn d'Beamten en ze héijen Alkoholtaux (ënner 1,2%) festgestallt. De Chauffer gouf protokolléiert. Géint 1.45 Auer ass dann nach en Automobilist an der Rue Adolphe Fischer kontrolléiert, deen och ze vill intus hat. Hie krut de Fürerschäin ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO