PoliceAccident mat 4 Gefierer op der N23

RTL Lëtzebuerg
No un der belscher Grenz op der N23 tëscht der Kimm an dem Riesenhaff sinn e Mëttwoch de Moie géint hallwer 8 véier Gefierer anenee gerannt.
Accident tëscht der Kimm an dem Riesenhaff
5 Autoe waren dra verwéckelt.

3 Autoen an 1 Camionnette waren an d'Kollisioun verwéckelt. D'Fuerbunn war zäitweis a béide Richtunge blockéiert. Antëscht ass den Accident geraumt.

1 Persoun gouf blesséiert. De Materialschued ass héich. Weider Detailer feelen nach.

Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Réiden a Rammerech.

Back to Top
CIM LOGO