Stater GareAbroch an Zeitungsbuttek, 2 Brigange festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, gouf kuerz no 5 Auer e Samschdeg de Moien an en Zeitungsbuttek am Gebai vun der Stater Gare agebrach.
© RTL Archivbild

Sécherheetsbeamten haten d'Police opmierksam gemaach, dass eng oder e puer Persoune fortgelaf waren. Kuerz drop hunn d'Polizisten e Mann virun der Gare gesinn, deen op d'Beschreiwung vun de Beamte gepasst huet. En zweeten, presuméierten Täter konnt duerno och gestallt ginn.

Allebéid koumen op de Policebüro an nach e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO