IechternachAarbechten um neie Schoulkomplex sollen d'nächst Joer fäerdeg ginn

Christophe Hochard
Direkt nieft der Sauer gëtt eng nei Schoul gebaut. 2023 sollen déi éischt Schüler hei ënnerriicht ginn.
Neie Schoulkomplex zu Iechternach
Direkt nieft der Sauer gëtt eng nei Schoul gebaut. 2023 sollen déi éischte Schüler hei ënnerriicht ginn.

Do, wou fréier d'Busgare war, changéiert Iechternach seng Nues. Nieft der Grondschoul ass am neie Gebai och Plaz fir d'Maison relais an d'Kanner aus dem CDI, dem Centre pour le développement intellectuel, der fréierer Education différenciée.

Dësen Neibau gouf noutwenneg, well d'Zuel un Awunner klëmmt an dat aktuellt Gebai aus alle Néit platzt an an d'Jore komm ass. Well laanscht d'Sauer Héichwaassergebitt ass, muss och op Betoun zréckgegraff ginn an d'Schoul steet op Stelzen. Nohaltegkeet gëtt bei dësem Bau grouss geschriwwen. Dofir gëtt vill op Holz zréckgegraff. Sou bestinn d'Schoulsäll all aus Holz. Opfalen dinn och déi grouss Fënsteren. Et soll vill Liicht an d'Schoul erakommen. Um Daach vun der neier Schoul gëtt et spéider eng Fotovoltaikanlag an en Gaart.

38 Milliounen Euro kascht dat neit Schoulgebai. 600 Schüler a Schülerinne ginn et duerno hei um Campus.

Back to Top
CIM LOGO