Police-FichierenAarbecht vun der CSV hätt hir Friichte gedroen, sou de Gilles Roth

Pierre Jans
E Freideg hu sech d'Chamberkommissioune vun der bannenzeger Sécherheet a vun der Justiz nach emol mat de Police-Fichiere befaasst.
Police-Fichieren
E Freideg hu sech d'Chamberkommissioune vun der bannenzeger Sécherheet a vun der Justiz nach emol mat de Police-Fichiere befaasst.

Dobäi kruten d'Deputéiert aus den zwou Kommissiounen éischt Piste fir d'Ausschaffe vun engem zukünftege legale Kader an Informatiounen iwwert d'Ëmsetze vu Recommandatiounen aus de Rapporte vun der Dateschutzkommissioun a vun der Policegeneralinspektioun presentéiert.

Et war e laangen an net ëmmer einfache Wee, ma d'Aarbecht, fir déi seng Partei am Ufank kritiséiert gouf, huet hir Friichte gedroen, sot de Gilles Roth. Schliisslech hätt de Minister Bausch e klenge Mea Culpa gemaach. An Zukunft sollt ënnert anerem den Accès zu Datebanken an d'onnëtzt Stockéiere vun Donnéeë limitéiert ginn, ma net nëmmen dat...

AUDIO: Police-Fichieren / Rep. Eric Ewald (20.12.19)

Dem CSV-Deputéierten no sollt nees eng strofrechtlech Infraktioun agefouert ginn, wa ee sech onerlaabten Accès zu Datebanke verschaaft.

Fir den Alex Bodry gëtt de Moment gekuckt, wéi een en neie gesetzleche Kader definéiere kann, wat den Dateschutz bei der Police ugeet. Et ass d'Propos, fir gesetzlech Ännerungen ze maachen an op groussherzoglech Reglementer zeréckzegräifen.

Et misst een aus de Schwieregkeete vun der Vergaangenheet léieren, sou den LSAP-Vertrieder. De François Bausch huet betount, dass d'Rapporte vun der CNPD an der IGP virleien an de Comité de suivi ewell schafft. Fir den nächste Rendezvous Ufank Mäerz sollte konkret Proposen zu zwee Aspekter um Dësch leien.

Bis de Summer wëll de Minister e gutt Stéck virukommen. Weider Etappe sollen e Verstäerke vum Service Dateschutz bei der Police an en informatescht Oprëschten do sinn.

RTL-Artikel: Méi Sensibilisatioun a puncto Dateschutz
RTL-Artikel: Et stinn nach eng ganz Rei Froen op, sou de Gilles Roth

Back to Top
CIM LOGO