Corona-KrisA schwéieren Zäiten halen d'Leit zu Lëtzebuerg zesummen

Christophe Hochard
An de leschten Deeg hu sech vill Mënschen aus dem Land zesummegedoen, fir hir Hëllef unzebidden. Ee vun hinnen ass de Jacques Glod.
E schwéieren Zäiten halen d'Leit zu Lëtzebuerg zesummen
An de leschten Deeg hu sech vill Mënschen aus dem Land zesummegedoen, fir hir Hëllef unzebidden. Ee vun hinnen ass de Jacques Glod.

De Jacques Glod a seng Famill sinn immens hëllefsbereet. Schonn de leschte Summer hat hien nom Tornado gehollef a Sue gesammelt.

Déi Kéier geet et drëms, eelere Leit am Alldag wärend der Corona-Epidemie ze hëllefen. Akafe goen, mam Hond eraus oder soss kleng Gefällegkeete stinn um Programm.

Jiddereen dee wëll kann a sengem Wunnquartier eng Hand mat upaken.

Nieft dem Jacques Glod hu sech an de leschten Deeg vill Leit zesummefonnt, fir sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen. Wëllt och Dir Hëllefen? An eisem Artikel kritt Dir een Iwwerbléck vun de verschiddenen Engagementer zu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO