
Dës weisen, datt bannent de leschte 5 Joer an de Prisongen zu Schraasseg a Giwenech genee 80 Tëschefäll gezielt goufen, bei deene Giischtercher agresséiert gi sinn.
Elleng bannent de leschten dräi Joer an zanter datt d'Gebai zu Suessem fir Untersuchungsprisonéier op ass, goufen et do 28 Tëschefäll.
Wéi d'zoustänneg Justizministesch betount, ass eng héich, ugepasst Zuel vu Prisongspersonal den A an O fir géint Gewalt hannert de Prisongsmauere virzegoen: sou goufe bannent de leschte 5 Joer net manner wéi bal 300 Giischtercher nei agestallt.
Dëst Joer gi 50 Plazen nei ausgeschriwwen - d'nächst Joer gi 16 Giischtercher eleng fir den neie Prisongsblock zu Schraasseg gebraucht. Wann et zu Attacken op d'Giischtercher kënnt, kënne si och ënnert limitéierte Konditiounen Tréinegas asetzen - och dat betount d'CSV-Ministesch Elisabeth Margue op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten a Ben Polidori.
D'parlamentaresch Fro N°3783 an d'Äntwert op dës am Detail fannt Dir hei.