
Um 13.10 waren um Houwald an der Rue des Bruyères 2 Autoen anenee geknuppt. 1 Persoun gouf verwonnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Hesper an d'Ambulanz aus der Stad.
Géint 14.45 waren zu Bouneweg an der Rue des Trévires 2 Ween net laanschtenee komm. Och hei gouf 1 Persoun blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad waren am Asaz.
Zu Sëll dann op der Haaptstrooss waren um 15.20 Auer 3 Autoen an een Accident verwéckelt, bei deem 2 Leit verwonnt goufen. 2 Ambulanze vu Réiden an d'Pompjeeë vun Tënten waren op der Plaz.
An der Fiels an der Rue de Medernach koum et um 16 Auer zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen. Dobäi goufe 4 Persoune blesséiert. Am Asaz waren d'Pompjeeën aus der Fiels, an d'Ambulanze vu Lëntgen an aus der Fiels.