
Aktuell sinn 124 Persounen hospitaliséiert, dovunner 20 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.425 aktiv Infektiounen a 56.044 Persoune gëllen als geheelt.
1.720 Persoune kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis, fir 615 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 80.328 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,09. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.