
Um 13.39 Auer war er tëscht Lëpschent an der Giewelsmillen een Auto, deen an e Bam gerannt ass. Derbäi gouf eng Persoun blesséiert.
Duerno ass um 14.29 Auer tëscht Féiz a Steebrécken ee Motocyclist gefall. Heibäi gouf et e Verwonnten.
Um 14.59 Auer war et zu Nidderfeelen an der Baaschtnecher Strooss d’Kollisioun tëscht zwee Autoen. Eng Persoun gouf blesséiert.
Eng Kollisioun tëscht zwee Gefierer gouf et och um 15.08 Auer tëscht Ierpeldeng op der Sauer an Angelduerf. Et gouf kee blesséiert.
Um 15.32 Auer war et zu Lampech an der Rue de Reckange d’Chute vun engem Motocyclist.
An um 15.56 Auer ass op der Streck tëscht Lentzweiler an dem Antoniushaff een Auto an e Bam gerannt. Derbäi goufen et véier Verwonnter.