Statec70 Faillitten an 116 Liquidatioune goufen am Februar gemellt

RTL Lëtzebuerg
Den Ament gëtt et deemno keng signifikant Hausse bei de Faillitten, sou de Statec e Freideg an engem Communiqué.

Et geet een awer dovunner aus, datt dat wéinst der Pandemie an den nächste Méint nach komme wäert.

Am Februar 2020 goufen 125 Faillitten deklaréiert, also 55 méi wéi an deem selwechten Zäitraum 2021.

Bei de Liquidatioune gouf et allerdéngs e staarken Zouwuess. Am Februar dëst Joer goufen et 116 Liquidatiounen, 16 méi wéi dat Joer virdrun. Dat virun allem am Commerce an a spezialiséierten, wëssenschaftlechen an techneschen Aktivitéiten.

Zanter 2020 gouf et e Plus vun 68% par rapport zu deenen 2 Jore virdrun. Am Verglach zu Oktober 2019 war et am Oktober 2020 esouguer e Plus vun 115%.

© Statec

PDF: Communiqué Statec

Back to Top
CIM LOGO