
Am Ganze sinn et elo 345 Doudeger.
Aktuell sinn 193 (-8) Patienten hospitaliséiert, dovunner 41 op der Intensivstatioun.
Aktuell ginn et 8.643 aktiv Infektiounen, 28.029 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,91. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.