Alkohol um Steier6 Führerschäiner goufen agezunn - Accident mat Fahrerflucht op der Nordstrooss

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg huet d'Police nees eng Partie Leit erwëscht, déi ze vill gedronk haten, fir ze fueren.

Géint 19.15 Auer e Samschdeg den Owend ass der Police tëscht Wolz an dem Schumannseck een Automobilist opgefall, deen a Schlaangelinne gefuer ass. Den Alkoholtest war positiv an de Permis war fort. D'nämmlecht goung et um 20.45 engem Chauffer zu Esch.

Géint 22 Auer e Samschdeg huet eng Fra mat hirem Won een Auto, deen op der Aire de Berchem geparkt hat, beschiedegt. Och hei war den Alkoholtest positiv an och hei war de Permis fort.

Bei enger weiderer Kontroll zu Esch kruten nach zwee weider alkoholiséiert Chaufferen de Permis ewechgeholl. Méi spéit huet d'Police op der nämmlechter Plaz e Mann erwëscht, dee guer kee gültege Führerschäin hat.

Géint 22.30 Auer koum et dann zu engem nach méi spezielle Virfall. D'Police war do nämlech op der A7 virum Tunnel Gousseldeng op 3 Gefierer opmierksam ginn, déi op der Pannespur stoungen. Wéi d'Police op der Plaz war, ware just nach zwee Chaufferen do. Deen 1. huet erzielt, datt hie vun engem aneren Automobilist mat engem groen 1er BMW mat Lëtzebuerger Placke bedrängt gi war a Verkéiersschëlter ze pake krut. Béid Chauffere waren doropshi stoebliwwen, krute sech an d'Hoer an de BMW-Fuerer huet sech dervu gemaach. En 3. Chauffer huet misse mat engem Platte wéinst de Schëlter, déi ëmgefall waren, stoebleiwen. Den 1. schëllege Chauffer konnt trotz Sichaktioun net fonnt ginn. Et huet sech erausgestallt, datt deen aneren Automobilist ze vill gedronk hat: hie krut säi Führerschäin ofgeholl. D'Nordstrooss hat fir kuerz Zäit fir de Verkéier misse gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO