
Deemno gouf en neie Fall an engem aneren Deel vum Prisong festgestallt. Bis ewell ass net gewosst, wou sech déi betraffe Persoun ugestach huet. De ganze Stack gouf doropshin getest an et goufen 3 weider Infektioune festgestallt. De Stack ass a Quarantän.
Deen éischte Corona-Patient virun 2 Wochen huet och nach eng weider Persoun ugestach. Et ass dem Direkter vun der Prisongsverwaltung no komplett ausgeschloss, datt déi zwou Infektioune mateneen ze dinn hunn, well déi zwee Deeler vum Gebai an och d’Personal grad wéi Prisonéier komplett vuneneen getrennt sinn.
D’Impfcampagane, déi elo ugefaang huet an nach bis e Freideg dauert, leeft iwwerdeems weider. Um Donneschdeg missten 100 Leit geimpft ginn. Vun der Impfung ausgeschloss si just Persounen déi eng aktiv Infektioun hunn.
Mat de 6 aktuelle Corona-Patienten ass de Covid-Stack am Prisong zu Schraasseg komplett beluecht.
