
Am Lokalen gouf et en Donneschdeg de Moien dräi Accidenter an déi Cyclisten dra verwéckelt waren. Zu Gousseldeng sinn de Moien um 9.15 Auer en Auto an e Vëlo anenee gerannt. De Vëlosfuerer gouf liicht verwonnt. Zu Rammeldang si géint hallwer 11 zwee Cyclisten am Beiebierg gefall. Och si goufe liicht blesséiert. An dann ass nach ee Cyclist tëscht Beidler an Hemstel gefall, och hei gouf et ee Blesséierten.
De ganzen Dag iwwer gouf et dann och 3 Accidenter mat Motocyclisten. Fir d'éischt war kuerz no 11 Auer ee Motorradsfuerer tëscht Chrëschtnech an Hiefenech gefall. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Eng gutt hallef Stonn méi spéit ass ee Motorradsfuerer tëscht Hamm a Sandweiler gefall. Och hie gouf blesséiert. An da gouf et nach een Accident zu Rouderssen mat engem Blesséierten.