Léier577 Jonker kruten hiren Diplom an der Philharmonie iwwerreecht

Pierre Jans
D'Diplomiwwerreechung war a Presenz vum Prënz Felix, dem Fernand Etgen, dem Dan Kersch an dem Claude Meisch.
© René Pfeiffer / RTL

577 Fraen a Männer kruten e Sonndeg de Moien an der Stater Philharmonie Diplomer an Zertifikater als Belounung fir hir Beruffsléier iwwerreecht. Dovu kruten der 55 eng Auszeechnung fir eng besonnesch gutt Leeschtung.

Si hunn d'Formatioun hannert sech bruecht an hunn elo en Diplôme de technicien, en Diplôme d'aptitude professionelle, oder e Certificat de capacité professionelle an der Täsch. Commerce, Industrie, Hotellerie oder nach sozial Servicer: den Diplom ass den Entréesticket fir an déi Secteuren.

Souwuel d'Presidentin vun der Chambre des Salariés, Nora Back, wéi och de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen, hu betount, dass d'Beruffswelt sech an Zukunft rapid verännere wäert. D'Weiderbildung wär dofir wichteg a soll gefërdert ginn.

Et gëtt iwwerdeems e grousse Manktem u qualifizéiertem Personal a ville Secteuren. An dat net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä weltwäit, esou de Carlo Thelen.

D'Diplomiwwerreechung war a Presenz vum Prënz Felix, dem Chamberpresident, Fernand Etgen, dem Aarbechtsminister, Dan Kersch, an dem Educatiounsminister, Claude Meisch.

Gëtt et zu Lëtzebuerg geschwënn just nach eng Online-Plattform wou Jonker hir Talenter evaluéiere loossen, a méiglech Beruffsperspektiven entdecke kënnen?

D'Presidentin vun der Salariatskummer hat genee dat e Sonndeg de Moien op der Diplomiwwerreechung fir d'Beruffsausbildung avancéiert. De sougenannte ''Basic-Check'' vun der Chambre des Métiers an der Chambre des Salariés, an den ''Talent-Check'', dee vun der Chambre de Commerce bedriwwe gëtt, hätten dat nämmlecht Zil an zwar d'Schüler z'orientéieren. Si kéinten dofir zesummegeluecht ginn, fuerdert d'Nora Back.

Extrait Nora Back

D'Nora Back: ''Fir dat Ganzt nach ze verbesseren a fir all de Schüler déi bescht Méiglechkeeten ze ginn, hire Choix ze treffen an ze wëssen, wou sinn hir Stäerkten, hir Talenter, wat maache si gutt a gär, wär et am Beschten, mir hätten de politesche Wëllen, fir een eenzegt Instrument ze maachen.''

D'Politik kéint e gesetzleche Kader fir eng eenzeg Orientéierungs-Plattform schafen, seet d'Nora Back. De Generaldirekter vun der Chambre de Commerce verschléisst sech där Diskussioun net.

Extrait Carlo Thelen

De Carlo Thelen: ''Wann een déi nämmlecht Objektiven huet, an déi hu mir jo souwisou, dann ass dat sécher eng Méiglechkeet. Et muss ee just kucken, wat den Objektiv vun deem engen a vun deem aneren ass. Et ass net genee dat selwecht, dat däerf een och net vergiessen. Mee do solle mir bestëmmt gutt weider driwwer diskutéieren, well déi zwou Kummere schaffe gutt zesummen am Beräich vun der Beruffsausbildung an dat wäert och an Zukunft esou weidergoen.''

Enger gemeinsamer Online-Plattform steet deemno näischt am Wee.

Back to Top
CIM LOGO