
Aktuell sinn 48 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 11 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 885.124 Impf-Dosisse genotzt. 4.952 Leit sinn en Dënschdeg geimpft ginn. 426.659 Leit gëllen als komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,11. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.