
Dat geet aus engem staatleche Circulaire ervir, deen un d’Gemenge verschéckt gouf. All Resident iwwer 16 Joer kritt deemno ee Set, deen ee mat engem Voucher, deen een Heem geschéckt kritt, op senger Gemeng kann ofhuelen.
Konfusioun gouf et iwwerdeems bei enger Rei CSV-Deputé-Maires an der Chamber, wéi si beim Verdeele vun deene 50 Masken un d'Bierger solle virgoen. Et wéisst een net, ob een um Donneschdeg sollt domat ufänken oder eréischt de 25. Mee.
De Syvicol hätt gefrot, fir de 25. Mee als Stéchdatum unzeginn, esou d'Inneministesch. Natierlech kéint awer all Gemeng decidéieren, scho virum 25. Mee mam Verdeelen unzefänken.
Schonn zanter e Méindeg, kënne sech d’Frontalieren, déi hei am Land schaffen, op 12 Plazen am Land, hire Set vu 50 Masken ofhuelen.
