Cannabis50%-Tax kéint Verkaf vu CBD zu Lëtzebuerg ferm bremsen

RTL Lëtzebuerg
Et ass e Geschäft, dat zu Lëtzebuerg gutt klappt. Den Interessi um Produit hat déi lescht Méint vill Leit motivéiert, an d'CBD-Geschäft eranzeklammen.
50%-Tax kéint Verkaf vu CBD zu Lëtzebuerg ferm bremsen
Et ass e Geschäft, dat zu Lëtzebuerg gutt klappt. Den Interessi um Produit hat déi lescht Méint vill Leit motivéiert, an d'CBD-Geschäft eranzeklammen.

D'Branche huet europawäit en Ëmsaz, dee sech op ongeféier 100 Milliounen Euro chiffréiert. Eng nei Tax vu 50% kéint de Verkaf vun dësem industrielle Cannabis awer deemnächst zu Lëtzebuerg bremsen an dat mat deels fatale Konsequenze fir den nach jonke Secteur zu Lëtzebuerg. Bis ewell goufen d'CBD-Bléien ewéi Téi besteiert, also mat der 3% Liewensmëttelsteier, dat ass awer den 1. Dezember eriwwer, da geet d'Denominatioun erop. Dat op 33% mat nach eng kéier 17% TVA drop.

Eng Decisioun, déi schwéier ze verdauen ass fir déi méi kléng Geschäfter: "Déi nei Shoppen, déi elo nei erakomm sinn, mussen elo natierlech Accisen umellen, déi mussen en zollfräit Lager hunn. An dat geet natierlech alles an d'Geld. A kënnen déi méi kleng Shoppe sech dat leeschten? Gutt Fro.", esou de Christopher Zimmer, de President vum Hanfverband.

Fir déi nei Entreprisë mat frësche Loyer-Kontrakter, déi deels nach 3 bis 4 Joer lafen, kéint déi nei Steier eng Sakgaass duerstellen. Et hätt ee vill Investissementer zu Lëtzebuerg zanter dem Cannabidiol-Boom gesinn, och an der Auswiel vun de Produiten.

Aus heiterem Himmel koum déi nei Denominatioun net, ma vill éischter ewéi erwaart. "Datt dat elo esou séier kënnt, do war keen drop virbereet. Dat heescht, et brauch een normalerweis 1-2 Méint, fir déi ganz Pabeieren an d'Rei ze maachen. An elo hu se just genee 2 Méint virdru Bescheed gesot, datt jidderee sech do soll en Règle bréngen.", esou de Christopher Zimmer, de President vum Hanfverband.

Firwat déi Steier elo bemol esou séier soll ëmgesat ginn, kann ee sech beim Hanfverband net erklären.

En General gëtt e Kilo Cannabidiol fir 2.500 Euro akaaft. Am Verkaf kascht de Gramm an der Moyenne ëm déi 10 Euro. Bis ewell war et eng Marge vun 8 Euro op de Gramm. Nom éischten Dezember fält dës op 2 bis 3.

Et ass e Risk fir d'Geschäft, ma och e Risk fir de Produit, esou den Hanfverband. Well et ass deen, dee meeschtens drënner leed.

Cannabidiol: Déi schwiereg Zäit fir d'CBD-Butteker geet virun

Back to Top
CIM LOGO