
Aktuell sinn 117 Persounen hospitaliséiert, dovunner 24 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 2.888 aktiv Infektiounen an 53.266 Persoune gëllen als geheelt.
647 Persoune kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 159 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 47.515 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.