Coronavirus zu Lëtzebuerg5 weider Persoune gestuerwen, vun 12.493 Tester waren der 234 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 673 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 122 Persounen hospitaliséiert, dovunner 24 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.930 aktiv Infektiounen an 53.453 Persoune gëllen als geheelt.

1.291 Persoune kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 153 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 48.961 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO