
Géint 11 Auer de Moie sinn zu Déifferdeng an der Avenue de la liberté en e Moto an en Auto anenee gerannt. Hei ass ee Blesséierten ze notéieren. Géint 11.30 Auer sinn zu Simmer e Cyclist an e Motocyclist kollidéiert. Eng Persoun gouf verwonnt. Da gouf zu Iechternach an der Rue du Charly géint 14.45 Auer eng Persoun blesséiert, wéi en Auto an e Moto gerannt ass.
Géint 16.30 Auer de Mëtte gouf zu Éinen op der Route du Vin e Cyclist vun engem Auto ugestouss, de Vëlosfuerer gouf dobäi blesséiert. Ëm déi selwecht Zäit ass tëscht Simmer an Habscht e Motocyclist gefall a gouf verwonnt.
A kuerz viru 15 Auer huet et zu Biergem gebrannt. Hei ass et beim Materialschued bliwwen.