
Géint 22.30 Auer gouf et op der A6 tëscht Capellen an der Aire de Capellen een Accident tëscht engem Auto an engem Camion. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert.
Jee 1 Blesséierte gouf et da bei Accidenter um Closebierg zu Uewerkäerjeng, tëscht dem Wandhaff a Stengefort an op der N27 zu Houschent.
Um 00.14 Auer waren dann nach eng Kéier 2 Blesséierter ze notéieren, dat wéi een Auto an der Rue Charlemagne um Belair bäigaangen ass.