Viru Geriicht40 Minutte viru mobillem Radar geparkt, fir dass keen anere geblëtzt gëtt

RTL Lëtzebuerg
An Ofwiesenheet krut um Mëttwoch um Stater Geriicht e Mann vu 34 Joer de Prozess gemaach, well hien de Fonctionnement vun engem Radar gestéiert hat.
© RTL-Archiv

Hie krut virgehäit, am Abrëll zu Réimech ronn 40 Minutte mat sengem Auto virun engem mobile Police-Radar geparkt ze hunn, fir ze verhënneren, dass deen aner Automobiliste blëtze géif.

De Mann war selwer virdru vun deem Radar fotograféiert ginn. D'Vertriederin vum Parquet huet dëst Verhalen um Mëttwoch de Moien net witzeg fonnt, am Géigesaz zum Mann deemools op der Plaz, woubäi hien an enger zweeter Phas zouginn hätt, rose gewiescht ze sinn.

Prozess Radar - Reportage Eric Ewald

Den Ugekloten, deen, wéi gesot, net ugetrueden ass, wär sech net bewosst, wéi seriö d'Affär wär: Fir dës Infraktioun sollten eng ugemoosse Geldstrof, e Fuerverbuet vu 6 Méint an d'Confiscatioun vum Auto gesprach ginn.

Do virdrun hat e Polizist ausgesot, et hätt ee fir eng Vitesskontroll e banaliséierte Police-Auto mat mobilem Radar nieft d'N2 gestallt. Nodeems den Apparat, deen an zwou Richtunge moosse kann, agestallt war an eng 1. Kéier geblëtzt hat, wär een op eng aner Kontroll nobäi gefuer.

Do wär op eemol e Mann stoe bliwwen, fir ze froen, ob e mobile Radar op där anerer Plaz stéing. Op d'positiv Äntwert hi vum Polizist sot de Mann, deen Auto géif vun engem anere blockéiert ginn. D'Police war dunn dohi gefuer, an effektiv hätt en Auto ronn e Meter hannert hirem gestanen.

De Beschëllegten, deen um Bäifuerersëtz war, hätt erkläert, hie wär midd ginn an hätt op där Plaz wëllen eng Paus maachen.

Wéi de Polizist hie gefrot huet, ob hie wéisst, dass hien hannert engem banaliséierte Police-Auto stéing, hätt de Mann gefrot, wou dann e Police-Auto wär.

De Substitut vum Déngscht hätt dat net lëschteg fonnt, soudass e Protokoll geschriwwe gouf.

Doropshin hat de Mann deklaréiert, eng hallef Stonn virdru mat engem aneren Auto geblëtzt ginn ze sinn. Hien hätt also gewosst, dass do e Radar stéing, sou de Polizist.

41 Minutte laang wär d'Kontroll net méi duerchzeféiere gewiescht. Nodeems de Mann säin Auto geréckelt hat, wären nach 4 Autoe geblëtzt ginn. An der Suite vun deem Tëschefall hätt de Mann iwwregens op näischt méi reagéiert a wär och net op de Policebüro komm. Genee sou wéineg deemno wéi um Mëttwoch op d'Geriicht.

De 16. Januar gëtt d'Urteel gesprach.

Back to Top
CIM LOGO