
Wéi et vun der Police heescht, war et eng Persoun vu schlanker Statur, déi e rosa Trainingsoutfit unhat an e wäisst Hiem respektiv eng wäiss Blus.
Zu Iewerleng ass en Automobilist géint 20.45 Auer duerch säi Fuerstil opgefall. Wéi sech erausgestallt huet, hat de Chauffer gedronk. De Fürerschäin huet hie missen ofginn.
Géint 1.30 Auer an der Nuecht ass eng Persoun op der A13 op der Héicht Schëffleng vun de Beamte gestoppt ginn, well se däitlech ze séier laanscht e Chantier gefuer ass. Den Alkoholtest war positiv, de Permis gouf agezunn.
Kuerz no 3 Auer gouf der Police eng Farerflucht zu Péiteng gemellt. Eng Persoun, déi sech alkoholiséiert hannert d'Steier gesat hat, krut e stationéierte Won ze paken an ass einfach weidergefuer. Si konnt vun der Police ermëttelt ginn a war hire Fürerschäi du lass.
Eng Stonn méi spéit ass e Gefier um CR324 tëscht Pënsch a Boukels an de Gruef geroden. Dobäi gouf de Chauffer blesséiert. Och hei ass den Alkoholtest positiv ausgefall. Säi Permis duerft hien net behalen.