Perquisitiounen den 23. Mäerz4 Membere vu kriminellem Grupp wéinst Wäisswäsche vun Drogesue festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Ënnert de Verhaften ass och hire Leader, deen de Spëtznumm "de Minister" huet. Den 23. Mäerz gouf et 14 Perquisitiounen, dorënner och zu Lëtzebuerg.
© RTL Mobile Reporter (Archiv)

Den 23. Mäerz goufen et hei am Land eng Rei Perquisitiounen. Wéi Europol matdeelt, war et eng koordinéiert Aktioun an Däitschland an zu Lëtzebuerg op Ufro vu Frankräich, géint eng Struktur, déi opgesat gouf, fir Suen aus Drogenhandel wäisszewäschen.

4 Membere vun enger krimineller Grupp goufe festgeholl, dorënner hire Leader mam Spëtznumm "de Minister". D'Enquête ass 2017 lassgaangen, wéi a Frankräich e Camion mat Lëtzebuerger Placken ugehale gouf, an deem 225.990 brittesch Pond verstoppt waren.

2019 gouf a Frankräich Kokain confisquéiert an et goufen Indicen, datt déi 2 Fäll zesummenhänke géingen. An Zesummenaarbecht mam Zenter fir Finanz- a Wirtschaftsverbrieche vun Europol konnt dee Verdacht confirméiert ginn.

Den 23. Mäerz goufen et du 14 Perquisitiounen hei am Land an an Däitschland. Déi 4 Acteure goufe mat engem europäeschen Haftbefeel festgeholl. 4 Proprietéite am Wäert vun e puer Milliounen Euro an deier Autoe goufe saiséiert. Bankkonte mat am Ganzen 187.000 Euro goufen agefruer, 26.000 Euro Cash goufe saiséiert, sou wéi 50 Handyen an aner Geräter.

RTL-News vum 24. Mäerz: Perquisitiounen en Dënschdeg de Moien op verschiddene Plazen am Land

Back to Top
CIM LOGO