Geriicht4 Joer Prisong wéinst Gewalt géint Frëndin

RTL Lëtzebuerg
Am Mee soll e Mann op d'mannst eemol geziilt an de Bauch vun der 27 Joer aler Frëndin geschloen hunn, obwuel déi du schwanger war.

Fir e Mann vun 28 Joer, dee virgehäit krut, seng Frëndin méi wéi eng Kéier uerg geschloen ze hunn, goufen de Moien um Stater Geriicht 4 Joer Prisong, eventuell mat Sursis probatoire, gefrot. D'Oplo bestéing am therapeutesche Suivi vum Mann.

Am Mee soll hien op d'mannst eemol geziilt an de Bauch vun der 27 Joer aler Fra geschloen hunn, obwuel déi du schwanger war. Hie soll dee Moment och gesot hunn, hie géif maachen, dass si d'Kand verléiere géif, wat d'Fra haut awer widderruff huet; si an d'Kand am Bauch haten de Coup oder d'Coupen iwwerlieft.

D'Urteel gëtt den 23. Januar gesprach.

Back to Top
CIM LOGO