CGDIS4 Bränn, Auto géint Bam an 1 Persoun gouf ugestouss

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg gouf géint 18.45 Auer eng Persoun zu Schëffleng an der rue de Noertzange vun engem Auto ugestouss a blesséiert.

D'Pompjeeë vu Schëffleng an d'Ambulanz vun Esch goufen an den Asaz geruff.

Géint 17.30 Auer war op der N19 tëscht Reisduerf a Méischtref an Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Ambulanz vun Dikrech, grad ewéi d'Pompjeeë vu Reisduerf a Bettenduerf waren op der Plaz.

Da goufen et nach 4 Bränn, dat zu Ouljen, zu Béiwen, an 2 mol an der Stad. Et blouf all Kéiers beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO