
Kuerz viru 14.30 Auer ass e Cyclist tëscht Manternach a Berbuerg gefall an huet sech wéigedoen.
D'selwecht ass et engem Vëlosfuerer zu Koplescht kuerz viru 15 Auer gaangen.
Géint 15.30 Auer ass dunn e Motocyclist gefall. Dat tëscht Giwenech a Mompech. Hei war och de Samu op der Plaz.
Um 16.30 Auer war och zu Eeschwëller an der Duerfstrooss e Motorradfuerer gefall. Och dës Persoun gouf verwonnt.