Op eise Stroossen4 Accidenter mat Motorrieder oder Vëloen, 1 Permis agezunn

RTL Lëtzebuerg
Géint 4 Auer e Sonndeg de Moien ass en Automobilist opgefall, deen zu Esch an der Rue du Fossé säi Gefier zimmlech opfälleg gelenkt huet.
© Domingos Oliveira

D'Police huet de Mann ugehalen a kontrolléiert. Hien hat ze déif an d'Glas gekuckt, säi Führerschäin huet hie missten ofginn.

Da koum et am Laf vum Samschdeg direkt zu 4 Accidenter mat engem Zweerieder. Zu Bouneweg war e Mann mat sengem Scooter op sengem eegenen Terrain gefall. Hie gouf liicht blesséiert a koum an d'Spidol. Zu Bieles war dann op der regulärer Strooss e Mann mat sengem Moto gefall. Hie koum fir eng Kontroll an d'Klinik.

Zu Stroossen war eng Cyclistin gefall, wéi si probéiert huet, mam Vëlo vun der Strooss op de Trottoire ze fueren, si gouf dobäi blesséiert. An zu Nouspelt hat e Motocyclist, dee vu Kielen aus op Nouspelt gefuer ass, an der Rue de Kehlen eng Verkéiersinsel ze pake kritt. De Mann ass dobäi gefall an huet och an d'Spidol misste bruecht ginn.

E Sonndeg de Moie kuerz virun 11 koum e Cyclist am Schiltzbierg a Richtung Kéideng un d'Falen, dobäi gouf dëse blesséiert. D'Ambulanz aus der Fiels war op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO