
Den Duerchschnëttsalter vun den 80 Doudesaffer läit bei 83 Joer, d'Altersmediane bei 85. Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 36 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.654.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 36.087 Tester gemaach. Zanter en Dënschdeg waren et der 1.125 an dovunner waren der 36 positiv.
Aktuell sinn 172 (-13) Patienten hospitaliséiert, 29 (-3) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 711 (+41) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

