
An der Nuecht op e Sonndeg krut e Mann en anert Gefier op der Haaptstrooss zu Jucken ze paken. Den Automobilist war géint 1.45 Auer a Richtung Karlshausen ënnerwee, wéi hien - ënner Alkoholafloss an ze séier - d'Kontroll iwwert säi Won verluer huet a mat engem Auto kollidéiert ass, deen engem 32 Joer ale Lëtzebuerger gehéiert.
De Mann aus Lëtzebuerg krut den Accident mat an ass direkt op d'Onglécksplaz komm. Wéi sech erausgestallt huet, louch géint de Lëtzebuerger e Mandat d'arrêt aus Tréier vir. Hie gouf doropshi festgeholl. Bei weidere Recherchë vun der Police koum eraus, dass hie kee gëltege Permis hat. Dowéinst gouf en neit Verfare géint hien an d'Weeër geleet.
Nieft de Gefierer gouf och d'Fassad vun engem Haus bei der Kollisioun beschiedegt. De Materialschued dierft bei e puer dausend Euro leien, schreift d'Police.