Verkéierskontrollen op der N1131 Verstéiss dovunner 27 wéinst ze héijer Vitesse

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Police géint Mëtteg eng Verkéierkontroll op der N11 tëscht Grolënster a Jonglënster duerchgefouert.
© RTL Archiv

31 mol goufen et Verstéiss géint de Code de la route, dorënner 27 géint net d'Respektéiere vun der Vitesslimitatioun, déi bei 90 km/h op dëser Streck läit.

21 Chauffeure kruten e Protokoll vun 145 Euro an 2 Punkten um Permis, 1 Chauffeur huet déi festgestallte Vitess net unerkannt a gouf protokolléiert.

Bei 5 Chauffeure gouf de Permis op der Plaz agezunn, well hei eng Vitesse vun iwwer 140 Stonnekilometer gemooss gouf.

Dobäi kënnt nach ee Chauffeur dee keng Steiervignette hat a 24 Euro misst bezuelen, zwee Chauffeuren haten hire Control technique net dobäi an hu missten 145 Euro bezuelen an 2 Punkten um Permis, genee wéi e Chauffeur dee wärend dem Fueren um Handy war.

Back to Top
CIM LOGO