Coronavirus zu Lëtzebuerg3 weider Persoune gestuerwen, vun 11.560 Tester waren der 239 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 637 läit.
© RTL

Aktuell sinn 81 Persounen hospitaliséiert, dovunner 17 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.986 aktiv Infektiounen an 51.457 Persoune gëllen als geheelt.

804 Persoune kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis, fir 507 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 36.071 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport Journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO