Uni Lëtzebuerg3 nei Studiegäng fir Masterstudenten an der Medezin

RTL Lëtzebuerg
Vu September 2021 u kann ee Studiegäng an der Allgemeng-Medezin, der medezinescher Onkologie an Neurologie maachen.
© Universitéit Lëtzebuerg

Wéinst dem aktuellen demographesche Changement bei den Dokteren zu Lëtzebuerg kann esou d'Zuel vun den Absolvente vun engem Medezinstudium erhéicht an sou déi medezinesch Fuerschung am Land gestäerkt ginn.

© Universitéit Lëtzebuerg

Zanter 2020 kann ee schonn e Bachelor an der Medezin zu Lëtzebuerg maachen. D'Course sinn op Däitsch a Franséisch. Et gi 25 Plaze fir d'Generalisten, 5 fir d'Neurologen a 5 fir d'Onkologen.

De Communiqué vun der Universitéit Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO