Alkoholkontrollen3 Leit haten ze vill gedronk, 1 Permis war op der Plaz fort

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend an an der Nuecht op e Freideg hunn d'Beamten 3 Automobilisten erwëscht, déi ze vill gedronk haten.

En Donneschdeg am fréien Owend gouf zu Nidderaanwen een Automobilist kontrolléiert, woubäi ee festgestallt huet, datt dësen ze vill gedronk hat. De Permis war op der Plaz fort.

Kuerz virun Hallefnuecht ass e Mann wéinst senger Fuerweis op der A1 opgefall a gouf kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Chauffer gouf protokolléiert. D'selwecht goung et engem Chauffer e Freideg de Moie géint 4.30 Auer an der Stad.

Back to Top
CIM LOGO