
A béide Fäll waren zwee Gefierer net laanschtenee komm.
Zu Miersch war et kuerz virun 9 Auer an der rue Grande-Duchesse Charlotte zu enger Kollisioun tëscht 2 Gefierer komm. D'Ambulanze vu Lëntgen an aus der Fiels waren op der Plaz, genau wéi d'Pompjeeë vu Miersch.
Um CR309 zu Harel Richtung Bauschelt waren eppes no 8 Auer 2 Autoen anenee geknuppt. D'Ambulanz vu Réiden genau wéi d'Pompjeeë vum Stauséi a Réiden waren hei am Asaz.