Police3 alkoholiséiert an een drogéierten Automobilist negativ opgefall

RTL Lëtzebuerg
Ee Chauffeur war zu Féiz bäigaangen a krut nom Alkoholtest de Führerschäin direkt ewechgeholl.

D’selwecht fir ee Chauffeur, deen zu Esch an eng Kontroll gerode war.

Eng Fra, déi an der Stad Zickzack gefuer ass, krut awer just eng Amende.

Komesch gefuer ass an der Nuecht op en Dënschdeg och een, deen ze vill gefëmmt hat. Hien a säi Bäifuerer kruten en Joint an e bëssen Haschisch ewechgeholl an de Virfall gouf awer just zu Protokoll geholl, sou d’Police.

Back to Top
CIM LOGO