Um Freideg de Moien3 Accidenter mat 3 Blesséierten zu Simmer, am Tunnel Éilereng an zu Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Freideg de Moien zu e puer Accidenter op esie Stroossen.
© RTL Archivbild

Géint 6.20 Auer ass en Automobilist mat sengem Gefier en Hiwwel zu Simmer am Sëllergronn erofgaangen a gouf blesséiert. D'Ambulanz vu Mamer, de Samu an d'Pompjeeë vun Habscht a Simmer waren op der Plaz.

Kuerz no 8 Auer krute sech 2 Ween op der A13  am Tunnel Éilereng ze paken. Eng Persoun gouf beim Accident verwonnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Käerjeng, souwéi d'Ambulanz an d'Pompjeeë Suessem/Déifferdeng.

Zu Stroossen an der Rue des Carrefours koum et um 8.22 Auer zu engem weider Accident tëscht 2 Autoen. Och hei gouf et ee Blesséierten. Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO