Vum 19. bis de 25. Abrëll284 nogewise Fäll an de Schoulen, Infektiounsketten am Lycée Vauban no Party

RTL Lëtzebuerg
Am Schreiwes vum Educatiounsministère heescht et iwwerdeems, dass et eng Infektiounskette bannent enger Schoul gouf.

An der Woch vum 19. bis de 25. Abrëll goufen et am Ganzen 284 Corona-Fäll an de Schoulen zu Lëtzebuerg.

Vun allen Infektioune ginn der 270 dem Zenario 1 zougeuerdent, dat heescht, dass et 1 positive Fall an enger Klass gouf an de Virus sech net weider bannent der Schoul verbreet huet. Betraff waren 31 Lycéeën, 72 écoles fondamentales an 2 Centres de compétences.

8 Fäll waren et am Zenario 2, wou et maximal 2 Infektioune bannent enger Klass goufen.

Am Zenario 3 goufen et keng Fäll, dat heescht, dass bannent kenger Klass 3 bis 5 Infektioune registréiert goufen.

Am Zenario 4 goufe 6 Fäll gemellt, dat heescht, dass bannent enger Schoul ee Cluster festgestallt gouf. Dëst war am Lycée Vauban, wou 6 Schüler no enger privater Party vun den Ofschlossklasse positiv getest goufen.

Méi Detailer kënnt Dir hei am Communiqué vum Educatiounsministère noliesen.

Back to Top
CIM LOGO