Zanter 25 Joer ass d'Stad Lëtzebuerg op der Lëscht vum Patrimoine mondial vun der Unesco. En Anniversaire, dee bis an den Abrëll era gefeiert gëtt. Digital, awer um Terrain selwer. De ganzen Dag iwwer huet den Unesco-Site-Manager Roger Philippart Toure mat vill Succès guidéiert. Mat am Mëttelpunkt der Manéier wéi de Patrimoine geréiert gëtt.
Ma wéi koum et iwwerhaapt dozou, datt 2,5% vum Territoire vun der Stad klasséiert goufen?
"Et wat eng Initiativ vum deemolege Minister fir Kultur Jacques Santer. Dee Kontakt opgeholl huet, kéint een eventuell de Site vu Lëtzebuerg als Unesco klasséieren? Da wäre mer op der Weltkaart vum Tourismus a mir hätten e wonnerbare Start fir an dat Kulturjoer vun 1995", sou de Roger Philippart.
Vum Knuedler, duerch de City Musée, bis an de Rousegaart, deen op de Rondellen, huet de Guide vum Dag net just d'Unesco-Welt-Communautéit virgestallt. Ma och d'Manéier erkläert, wéi zanter Dezember 1994 de Staat zesummen mat der Stad Lëtzebuerg d'Alstad schützt. E Quartier mat also engem aussergewéinlechen, universelle Wäert.
D'Decisioun vu viru 25 Joer hat e konkreten Impakt op d'Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg. Net just an der Rouder Zone, wéi se vun der Unesco festgeluecht gouf. Nodeems d'Baggere scho munches zerstéiert haten, zum Beispill um Boulevard Royal.
"Et ware Projeten do, fir ganz Ilôten an der Groussgaass opzekafen an ofzerappen. Do ass d'Iddi komm, mir entwéckelen de Quartier ronderëm d'Luxexpo. An och e Stadentwécklungsplang fir de Kierchbierg z'entwéckelen. Fir datt déi zwee Sitte beienee sinn an net déi eng déi aner kannibaliséiert."
Den Ament gëtt an der Alstad vill gerappt a geklappt. Awer net wéi wëll drop lass. Eng inklusiv Stad an där sech jiddereen erëmfënnt, soll bis 2030 entstoen. Wat nees op kee Fall bedeit, datt d'Stadbild agefruer géif. Am Géigendeel. Der Unesco no muss eng Stad liewen: ëmweltbewosst, klimafrëndlech.
"E Site muss authentesch sinn. Hu mer et dann net hei mat Fake ze dinn?" Provokativ werft de Robert Philippart d'Fro virun der Chamber, méi prezis der Maison Printz et Richard, op?
"Wann eng nei Constructioun komm ass, wéi elo zum Beispill an der Côte d'Eich oder an der Groussgaass, dann hu sech déi Elementer duerch hir Volumétrie, hir Faarwen, duerch den Agencement vun de Gebaier sou integréiert, datt se net stéierend sinn. Se hu souguer stéierend Saachen erausgeholl. Zum Beispill d'Gebai vun der Bâloise."
D'Stad wier zanter 1994 méi harmonesch ginn. Eng Entwécklung am Respekt vun den Originnen. Eng Stad, déi mëttelalterlech, klassesch a modern Elementer verbënnt.