
Am Ganze goufen 30 Verstéiss festgestallt, woubäi sech 23 Automobilisten net un déi erlaabte Vitesse vu 50 km/h gehalen haten.
18 Chauffere kruten e Protokoll vun 49 Euro, si ware manner wéi 15 km/h ze séier ënnerwee. 4 Automobiliste ware mat Vitesse vun 69 km/h oder méi gepëtzt ginn. Si hu mussen 145 Euro bezuelen an hunn 2 Punkte verluer. An engem Fall gouf e Chauffer protokolléiert, well hie mat enger Vitess vu 85 km/h gefuer ass.
Donieft haten 2 Chauffere keng gëlteg Autosversécherung. Hei ware 24 Euro fälleg. Zwou weider Persounen hu wärend dem Fueren hiren Handy benotzt (145 Euro an 2 Punkten). Ee Chauffer hat säi Sécherheetsgurt net un (145 Euro an 2 Punkten), een aneren huet d'Spuer oder d'Richtung ouni Winker gewiesselt (74 Euro), a bei engem Chauffer huet de Certificat vun der technescher Kontroll vu sengem Gefier gefeelt (145 Euro an 2 Punkten).