Bilan200 Unitéiten huet d’SNHBM zejoert fäerdeggestallt

Monica Camposeo
Christophe Hochard
Dat geet aus dem Bilan vun der Société Nationale des Habitations à Bon Marché ervir.
200 Unitéiten huet d’SNHBM zejoert fäerdeggestallt
An 200 Wunnunitéite vun der SNHBM, dorënner haaptsächlech Eefamilljenhaiser, konnten zejoert Leit eraplënneren.

An 200 Wunnunitéite vun der SNHBM, dorënner haaptsächlech Eefamilljenhaiser, konnten zejoert Leit eraplënneren. Dat geet aus dem Bilan vun der Société Nationale des Habitations à Bon Marché ervir, deen e Mëttwoch presentéiert gouf. Aktuell soll méi fir d'Locatioun gebaut ginn, do gëtt et nämlech vill nozehuelen.

D'Waardelëscht fir eng abordabel Wunneng oder en Haus vun der SNHBM ass laang an et melle sech ëmmer méi nei Leit un. Zu Conter gëtt fir de Projet "An de Steng" den Ament nach gebaut:

„Hei zu Conter baue mer am Ganzen 150 Unitéiten, mir hunn elo schonn ëm 60 Unitéiten hei am Bau. D'Nofro ass iwwerall enorm grouss. Mir hunn ëmmer ganz vill Demanden, déi erakommen", sou den Direkter vun der SNHBM, de Guy Entringer.

Den Ament waarden iwwer 6.000 Leit dorop, e Logement kënnen ze kafen, 3.000 Persounen interesséiere sech fir d'Locatioun. An dës lescht Zuel klëmmt signifikant. Fir op déi héich Demande kënnen ze äntweren, gëtt am Beräich vun der Locatioun an de leschte Jore méi gebaut. Dat wier och e Wonsch vun der Regierung, seet den Direkter vun der SNHBM, de Guy Entringer.

„Mir hunn 30 Joer laang praktesch keng Locatiounswunnenge gebaut. 2015 hu mer awer gesot, dass mer 50 Wunnenge pro Joer wëlle bauen. An eleng dëst Joer wëlle mer iwwer 100 Wunnenge fir d'Locatioun an de Bau ginn."

Wat d'Präisser ugeet, bitt d'SNHBM, egal ob an der Locatioun oder an der Vente, däitlech méi abordabel Alternative wéi dat um private Marché de Fall ass:

„An der Locatioun si mir un de Règlement grand-ducal vun 1.989 gebonnen. Do bezuelen d'Leit an der Moyenne 4 Euro de Metercarré. Dëse Loyer ass natierlech nëmme méiglech, well de Ministère du logement eis och subventionéiert mat engem Subsid vu 70%. Bei der Vente änneren d'Präisser pro Site. Do kann een den Ament dovun ausgoen, dass mer tëscht 3.500 an 3.700 Euro de Quadratmeter leien. Dat am Prix subventionné, wa mer verkafen."

D'Konditiounen, fir eng Wunneng bei der SNHBM ze kréien, sinn engersäits um Revenu, mä och um Familljestand gebonnen. Eng Famill mat Kanner, déi e Lien mat der jeeweileger Gemeng huet, wou e Projet entsteet, gëtt prioritär behandelt. Wichteg ass et awer, dass d'Logementer ëmmer am Circuit vum abordable Wunnraum bleiwen:

„Dir sidd Proprietär vun der Wunneng, awer Dir sidd Locataire vum Buedem an Dir lount deen op 99 Joer. Et ass och esou, dass wann Dir d'Wunneng bei eis kaaft an Dir wëllt se net méi wéinst iergendengem Grond, dann hu mir en Droit de préemption vun 99 Joer. Dat heescht, mir kafen d'Wunneng ëmmer erëm zeréck an eng finanziell Spekulatioun mat eise Wunnengen ass mëttlerweil ausgeschloss."

Dat war virun e puer Joer nämlech nach net de Fall. Eréischt 2018 gouf den droit de préemption op 99 Joer fixéiert. D'SNHBM kann haut guer net chiffréieren, wéi vill abordabel Logementer nees zeréck an de private Marché gaange sinn an doduerch als abordable Wunnraum am Land verschwonne sinn. Dat soll elo net méi virkommen, dofir gi méiglech Infraktiounen och ganz strikt kontrolléiert.

Fir dëst Joer rechent de Guy Entringer domadder, mam Bau vun enger 300 Wunnunitéite kënnen unzefänken.

SNHBM Bilan 2020 / Rep. Monica Camposeo

Back to Top
CIM LOGO