Äntwert op parlamentaresch Fro20.200 Automobilisten a Motocycliste goufen am Summer geblëtzt

Roy Grotz
Wärend de Summerméint goufen et op enger Partie Plaze laanscht d'Stroossen am Éislek mobil Radar-Kontrollen.

Sou z.B. tëscht Bidscht a Schumann, tëscht Méchela an Ierpeldeng an tëscht Ettelbréck a Feelen.

Wéi den zoustännegen Minister Henri Kox op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum DP-Norddeputéierten André Bauler äntwert, goufen et am Summer eng ronn 20.200 Chaufferen an Motocyclisten, déi wéinst ze héijer Vitesse geblëtzt a protokolléiert goufen.

Aktuell ass dem grénge Minister no, awer net virgesinn, fir am Éislek mobil Chantiers-Radaren z'installéieren. De Minister schléisst awer net aus, dass sech dat an Zukunft kéint änneren, wa Gemengen oder Awunner drop opmierksam maachen, dass op esou Plazen heefeg Accidenter geschéien oder heefeg gerannt gëtt.

Donieft wollt den DP-Norddeputéierte wëssen, ob Radare geplangt sinn tëscht Bettenduerf an Eppelduerf oder tëscht Gilsdref an Iermsdref, well do dacks ze séier gefuer gëtt. Et géing keng entspriechend Reklamatioune vun deene Plaze ginn, äntwert nach den Henri Kox.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum André Bauler

Back to Top
CIM LOGO