Coronavirus zu Lëtzebuerg2 weider Persoune si gestuerwen, vun 9.418 Tester waren der 211 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 794 geklommen ass.
© RTL

Aktuell si 95 Persounen hospitaliséiert, dovunner weiderhi 36 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.803 aktiv Infektiounen. 63.448 Persoune gëllen als geheelt.

3.764 Mënsche kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 797 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 186.480 Dosisse gesprëtzt

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO