Statec-Zuele ronderëm d'Aarbecht2 vun 3 Salariéë schaffen owes, just Deelzäit an och de Weekend

RTL Lëtzebuerg
Virum 1. Mee, dem Dag vun der Aarbecht, huet de Statec eng Rei Chiffere ronderëm d'Aarbecht zu Lëtzebuerg publizéiert.
Virun allem a Restaurante gëtt owes a weekends geschafft.
© DragonImages

Enn 2025 hu 494.000 Leit am Grand-Duché geschafft, 47% dovunner ware Frontalieren a just ee vu 4 Salariéen hei am Land huet déi Lëtzebuerger Nationalitéit.

D'Residentë schaffen och ëmmer manner "klassesch", dat heescht Vollzäit mat CDI an am Dag vu méindes bis freides.

© IGSS

2 vun 3 Salariéë schaffen och owes, just Deelzäit an och de Weekend. Méi wéi een Drëttel vun de Salariéen, déi hei am Land wunnen, schafft zum Beispill op d'mannst heiansdo owes no 18 Auer, 15% an der Nuecht. 29% vun de Residentë sinn och samschdes am Asaz an 21% sonndes.

77% vun de Fraen hunn dann de Congé familial, also zum Beispill de Parental geholl, respektiv 48% vun de Männer.

© Statec

Den Télétravail bleift relativ héich mat 36%, déi reegelméisseg vun doheem aus schaffen.

All d'Donnéeë fannt Dir um Site vum Statec.

Back to Top
CIM LOGO