
En Automobilist war vu Koplescht a Richtung Mamer ënnerwee, wéi an an enger liichter Rietskéier d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet an op d'Géigespuer geroden ass. Do ass en mat engem Won kollidéiert, deen him entgéintkoum. E weideren Auto konnt net méi mat Zäite bremsen, a gouf och nach an den Accident verwéckelt.
Un den zwee éischte Gefierer war d'Resultat en Totalschued an d'Strooss war komplett fir den Trafic blockéiert. D'Chaufferen hunn aus hire Gefierer mussen erausgeschnidde ginn.
Den Alkoholtest beim Chauffer, deen op déi aner Spuer gerode war, war positiv an en huet de Führerschäin mussen ofginn.