Police-Bulletin2 presuméiert Abriecher festgeholl, nei Abréch zu Lëntgen an an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Géint 1.30 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg gouf een Abroch an ee Kleedergeschäft an der Côte d'Eich gemellt.

D'Police konnt 2 Leit festhuelen, déi och déi geklaute Kleeder bei sech haten. Si hate schonn Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Iwwerdeems gouf et an der Mëttesstonn nei Abréch, zu Lëntgen an der Rue des Ecoles, um Lampertsbierg an der Rue Belle-Vue an um Cents an der Rue des Pommiers.

Back to Top
CIM LOGO