Policekontrollen2 Persounen haten ze vill gedronk, 8 Leit hu géint Covid-Mesurë verstouss

RTL Lëtzebuerg
Eng Police-Patrull ass e Samschdeg géint Hallefnuecht op en Automobilist opmierksam ginn, deen zu Gaasperech an der Route d'Esch ze séier ënnerwee war.

De Won gouf gestoppt a bei der Kontroll huet een erausfonnt, datt de Mann ze vill gedronk hat.

Bei enger Verkéierskontroll um Boulevard Pierre Krier kuerz no Hallefnuecht ass de Beamten e Won opgefall, dee relativ lues ënnerwee war a seng Luuchten net unhat. Och hei war den Alkoholtest positiv an en hat géint d'Ausgangsspär verstouss.

Och nach 7 aner Persoune goufe wéinst dem Net-Anhale vun de Covid-Mesurë protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO